Kontakt & Ufaart
Osteopathie-Praxis Frédérik Michel
2, Rue Basse, 7307 Steesel
D’Entrée an d’Praxis geet iwwert déi hëlze Dier vis-à-vis vun der Kierch.
Zu Steinsel ass de Parking gratis.
No bei der Osteopathie-Praxis fannt Dir Parkplazen an der Rue de la Forêt, wou et zwou Parkingen ginn.
D’Entrée vum Parking vun der Maison des Jeunes (deen gréissten) ass op der Kräizung vun der Rue de l’École an der Rue de la Forêt (op Héicht vun der Busarrêt, vis-à-vis vun der Déierendokteschpraxis).
Nëtzlech Informatiounen
Wann Dir Röntgenopnamen oder en IRM am Zesummenhang mat Ärem Consultatiounsgrond hutt, kënnt Dir se gären op de Rendez-vous matbréngen.
Wann Dir net komme kënnt
W.e.g. annuléiert Äre Rendez-vous op mannst 24 Stonnen am Viraus (per SMS oder Uruff). Net annuléiert Rendez-voue ginn zum gewinnten Tarif verrechent, ausser bei medezineschem Grond.